Kultur
Natur-Doku: "Kanada - Auf Spurensuche am Yukon"
Um Rand vum Polarkrees läit Yukon, eng vun de leschten onberéierte Landschafte vun der Welt. Hei am Nordweste vu Kanada läit en Territoire, duebel esou grouss wéi d'Schwäiz, wou grad emol 35.000 Mënsche liewen. De Kim Pasche ass en experimentellen Archeolog a reest duerch d'Welt op de Spuere vun eise Virfaren, déi als Jeeër a Sammler gelieft hunn, op der Sich nom Ursprong vun eiser moderner Gesellschaft.
De Stan ass e Member vum Stamm vun de Gwit'chin a kennt dës Bëscher a Bierger auswenneg. Zesumme maachen si sech just mat deem néidegsten op de Wee an tauschen hiert Wëssen aus, fir an der Natur ze iwwerliewen. Zum Beispill datt d'Iesse vum Biwer-Schwanz fréier am Stamm als Glécksbrénger gegëllt huet, oder wéi ee Behälter aus der Schuel vu Bierken a Sylex hierstellt. Mee virun allem verfollegen si d'Spuere vun de Caribou, genee wéi et de Stamm vun de Gwit'chin schonn zanter 15.000 Joer an dësem Territoire gemaach huet.
D'Lara Bousch stellt d'Natur-Dok vir.