Kultur
D'Romane Armand tëschent "Forgeries" a Realitéit
Vläicht ass Iech opgefall, datt de Souvenirshop am Neimënster eidel steet. Mee wann Dir genee kuckt, falen Iech den Ament bannen eng Hellewull Peinturen, Waasserfaarwen, Pinselen a Feuteren op; a matzen dran d'Romane Armand.
Déi Bréisseler Illustratrice a Grafikerin gouf vum Neimënster an der Agence Wallonie Bruxelles International fir eng Kënschtlerresidenz am Gronn selektionéiert. Dat huet d'Romane Armand besonnesch gefreet, well si deels zu Aubange ogewuess ass, fir Gesangscourse bei der INECC war. D'Kerstin Thalau ass nach méi gewuer ginn.