Kultur
Robert Pfaller - "Die blitzenden Waffen. Über die Macht der Form"
D'Form gëtt an eiser Kultur vernoléissegt, fënnt den éisträichesche Philosoph Robert Pfaller. Zum Beispill wann Héiflechkeet als Zoumuddung ëmfonnt gëtt, Konschtwierker net méi sinn, wéi d'Illustratioun vum Ausstellungskatalog, a wa Schéinheetsoperatiounen doranner bestinn ze eliminéieren, wat Anerer kéint stéieren. Dës "Formvergessenheit" ass allerdéngs den Ausdrock vun engem méi déiwe Malaise, deen de Pfaller a sengem Buch ''Die blitzenden Waffen. Über die Macht der Form'' (S. Fischer Verlag) diagnostizéiert. De Michel Delage huet d'Buch gelies.