Aktuelles
Gilles Roth: "Dat war en haarde Match"
D'CSV-Fraktioun gesäit sech an hire Kriticken iwwer déi wichtegst Datebank vun der Justiz confirméiert, duerch den neien Avis vun der Autorité de contrôle judiciaire, esou de Gilles Roth am 100,7-Interview. Aus dësem Avis géif ganz kloer ervirgoen, datt d'Datebanke bei Justiz a Police net am Aklang mam aktuelle Gesetz vun 2018 wieren, esou den Deputéierten. D'Diskussiounen aus dem leschte Joer iwwer d'Datebanke beschreift de Gilles Roth als "een haarde Match".
D'Justizministerin Sam Tanson hat virgëschter um radio 100,7 ugekënnegt, hire Projet fir eng spezifesch gesetzlech Basis fir d'JUCHA-Datebank spéitstens Ufank 2021 wëllen ze deposéieren. Esou wéi et am Avis vum Kontrollorgan steet, wier et wichteg d'Dateschutzreegelen, déi d'Justiz sech ginn huet, och legislativ festzehalen.
Hannergrënn Serge Kesseler
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)