Aktuelles
D'Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) - Bioziden am Haushalt 5/8
Vum schiedleche Méckespray bis bei schiedlech Desinfektiounsmëttel:
Wat am Gaart oder an der Landwirtschaft als Pestizid bezeechent gëtt, heescht am Haushalt Biozid. Heiansdo sinn et déi selwecht Molekülle wéi an der Landwirtschaft, deels sinn et aner Substanzen. Et si gëfteg Stoffer, déi och an eisen Alldagssproochen enthale sinn.
Produite wéi Méckespray, Antibakteriell Botzmëttel oder Desinfektiounsmëttel enthale Bioziden. Dës Stoffer si gëfteg: si solle Schädlingen oder lästeg Déiere wéi Insekten dout maachen. Och Algen, Pilzer, Bakteerien oder Vire solle geschiedegt oder gedéit ginn.
Grad elo, wou mir besonnesch op Hygiène sollen oppassen, gëtt et Onsécherheet bei dësem Theema. D'Ëmweltberodung Lëtzebuerg EBL erkläert, wat Biozide sinn, wou ee se fënnt a wéi a wou d'Hygiène ouni gëfteg Stoffer kann assuréiert ginn.
Studien hu gewisen, datt wann een Hygiènesspray an Desinfektiounsmëttel benotzt, datt een net besser virun Infektioune geschützt ass, wéi wann een einfach Botzmëttel hellt. Dofir solle mir eis net ëm en desinfizéiert Ëmfeld am Haus beméien, seet d'Marianne Kollmesch vun der EBL, der Ëmweltberodung Lëtzebuerg. Eng Serie vum Angie Maquil.
http://www.ebl.lu
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)