Konferenzen
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (4)
56 min
Lëtzebuerg op d'Weltkaart setzen - Kulturpolitik vum Nation Building zum Nation Branding (Fabio Spirinelli, Uni Lëtzebuerg)
De Virtrag proposéiert en Iwwerbléck iwwer déi national Kulturpolitik zu Lëtzebuerg zanter der Nokrichszäit. Dobäi gëtt versicht, déi grouss Entwécklung vun den Discoursen an de politeschen Initiativen nozevollzéien an d'Etappen ze beschreiwen, déi zum haitege Kulturministère geféiert hunn. Et soll ë. a. gewise ginn, datt mat der Kulturpolitik och bestëmmten Iddie verbonne waren an Ziler verfollegt goufen. Et gouf eng laang Entwécklung vun der Kulturpolitik am Déngscht vum Nation Building, wéi et an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert zum Ausdrock koum, bis zur Kulturpolitik als Wirtschafts- a Standuertpolitik zanter den 1990er Joren. Dës Entwécklung war net nëmmen duerch Fortschrëtter gepräägt.
Am Kader vun der Immigratioun a vun der europäescher Integratioun huet och d'Angscht virum Verloscht vun der nationaler Identitéit net an dem Discours gefeelt. War d'Kultur an der Nokrichszäit kaum eng Prioritéit vun der Regierung an als Stéifkand vun der Politik bezeechent ginn, hunn déi éischt grouss Ännerungen an den 1970er Jore stattfonnt.
Zanter den 1980er Joren hu verstäerkt wirtschaftlech Iwwerleeunge matgespillt, gläichzäiteg koum et zu engem Ausbau vu kulturellen Infrastrukturen, zur Organisatioun vun zwou Kulturhaaptstied an zu enger Dynamiséierung vum kulturelle Secteur. Mat der Promotioun vun de Kreativindustrien ass méi rezent just eng weider Etapp erreecht ginn, déi international Tendenzen erëmspigelt. D'Kulturpolitik gouf an de leschte Joerzéngte verstäerkt als e Mëttel ugesinn, d'Land am Ausland ze promouvéieren - a Lëtzebuerg op d'Weltkaart ze setzen.
Opgeholl de 16. Dezember 2019 am CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a verschafft vum Carlo Link.
PDF zum Virtrag: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/06/20191216-cape-virtrag-kulturpolitik-copie_a09b1b.pdf
Videoen, déi am Virtrag gewise goufen, mat den Explikatioune vum Conferencier an Audio-Extraiten:
De Jang de Blanne kënnt nees heem ...
Stad Lëtzebuerg feiert 1.000 Joer
Lëtzebuerger Nationalbibliothéik
Expo 150 Joer Onofhängegkeet
Fabio Spirinelli, UNI Lëtzebuerg © Carlo Link