Aktuelles
Trauercafé on Tour
Sech begéinen, zesumme schwätzen, net eleng sinn.
All zweeten Donneschdeg am Mount vu 14 Auer bis 16 Auer kann ee sech an der ErwuesseBildung an der Stad Lëtzebuerg mat anere Leit, déi an Trauer sinn oder eppes verschaffe mussen, treffen. Ongezwongen, ouni Umeldung an den Entrée ass fräi. Et soll e Genre Selbsthëllefgrupp sinn, seet d'Laure Simon, déi den Trauercafé leet. Elo a Corona-Pandemie-Zäite geet de Café bei d'Leit: Aus dem Trauercafé ass den Trauercafé On Tour ginn.
Déi nächst Terminer sinn den Donneschdeg, 20.8. um 14:30 Auer um Bëschkierfecht zu Eescheler (rue d'Eschweiler, L-6187 Eschweiler) an den Donneschdeg, 3.9. um 14:30 Auer um Meditatiounspad bei der Kierch zu Randschelt (L-8816 Rindschleiden)
Umeldung ëmmer zwee Deeg virdru bei der ErwuesseBildung, Tel. 44743-340, info@ewb.lu. www.ewb.lu.
D'Angie Maquil mat weideren Detailer.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)