Aktuelles
Eng Serie iwwer d'Servicer vum Planning Familial - 5/8
Haut geet et ëm eng nei Campagne, den Instagram Account an d'Info, datt d'ESA-Team (Équipe d'éducation sexuelle et affective vum Planning Familial) och a Corona-Pandemie-Zäite fir iech do ass. Fir all Froen: Kontakt Mail: esa@pfl.lu.
Zanter de 1960 Jore steet de Planning Familial am Déngscht vu Meedercher, Jongen, Fraen a Männer. Och Koppele grad wéi Professioneller, déi am Domän vun der Schoul, der Gesondheet an am soziale Beräich schaffen, kënne sech un d'Ekipp vum Planning adresséieren, zu ganz ënnerschiddlechen Theemen.
An enger Serie iwwer de Summer stellt d'Angie Maquil eenzel Servicer vum Planning Familial vir. An den nächste véier Episode geet et ëm d'Aufgabeberäicher vum ESA Team. ESA steet fir: Équipe d'éducation sexuelle et affective vum Planning Familial.
D'ESA Team vum Planning Familial dat sinn: Sandy Lorente, Miguel Dias, Sandra Michely a Liz Van Rijswijck.
Mat hinne kucke mir op déi eenzel Beräicher, an deenen d'ESA am Asaz ass.
http://www.planningfamilial.lu
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)