Aktuelles
LIST: Staark Presenz vum SARS-COV-2 dëse Summer am Ofwaasser
Quasi de ganze Summer gouf et am ganze Land eng staark Presenz vum Coronavirus SARS-COV-2 am Ofwaasser: dat hunn d'Fuerscher vum Luxembourg Institute of Science and Technology bei hiren Analysen am Kader vun der Etüd CoronaStep erausfonnt.
Bei den Analyse gouf och nogewisen, datt et grouss geographesch Ënnerscheeder ginn, esou d'Fuerscherin vum LIST Leslie Ogorzaly am 100,7-Interview.
Tëschent Mäerz an Ufank Mee gouf et eng staark Presenz vum Virus am Ofwaasser. Duerno war de Virus an de Kläranlage verschwonnen. Zanter Enn Juni/Ufank Juli wier d'Signal erëm opgedaucht, esou d'Fuerscherin. Zanter ronn zwou Wochen hätt d'Presenz sech stabiliséiert, respektiv géif op verschiddene Plazen ufänken zeréckzegoen.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)