Konferenzen
Les Rendez-Vous de l'UNESCO 2020
De Konferenzenzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO steet 2020 ganz am Zeeche vum 25. Anniversaire, wéi d'Stad Lëtzebuerg an d'Befestegungsanlagen an de Programm vum Patrimoine Mondial vun der UNESCO opgeholl goufen.
Experten aus den ënnerschiddleche Beräicher wéi Architektur, Archeologie, Industriegeschicht oder Restauratioun weisen an hire Presentatiounen de grousse Räichtum vun dësem Ierwen, dat déi ganz Mënschheet deelt, mee och d'Menacen, deenen en ausgesat ass.
A sengem Virtrag vum 2. Mäerz, deen op Lëtzebuergesch gehalen gouf, hat den Dr. Ralph Lange, wëssenschaftleche Mataarbechter am Musée Dräi Eechelen (M3E) zum Theema: "Le patrimoine fortifié: ouvrages de guerre - gardiens de paix" geschwat.
Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.
Begleetmaterial zum Virtrag vum Ralph Lange: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/11/2020-03-02-100k7_10bdf7.pdf
25 Joer Lëtzebuerg Patrimoine Mondial UNESCO: https://patrimoinemondial.lu/?fbclid=IwAR2CeXec0sEY0ew1p9O2RFVS1n9Q8wLOoVbJZL9-JBQan_wpYb1NzGaNKxM
Musek: Early Venetian Lute Music (Christpher Wilson & Shirley Rumsey)
Ralph Lange, M3E © Carlo Link