Aktuelles
Visitt duerch d'Kathedral Notre-Dame. Guide ginn - 1/6.
14 nei Guiden.
Si hu geléiert a ginn hiert Wësse weider: D'Initiativ fir Guiden fir d'Kathedral auszebilde koum vun der Luxembourg School of Religion & Society, an Zesummenaarbecht mat der ErwuesseBildung. De But war: Léieren op der Plaz.
De ganze Summer iwwer kann een deelhuelen un enger Visitt, déi an de Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch vun engem vun de 14 Guidë proposéiert gëtt an eng Stonn dauert. De Rendez-vous ass ëmmer samschdes um 11:30 Auer. Wéinst Covid-19 si just zéng Leit pro Visitt erlaabt.
D'Angie Maquil huet sech d'Ausbildung - Guide fir d'Kathedral - erkläre gelooss. An den nächsten Episoden, ëmmer freides um 18:15 Auer, entdecke mer dann d'Kathedral an der Stad zesumme mat der Pastoralreferentin Mireille Sigal, déi déi 14 nei Guidë mat ausgebilt huet.
À partir du 18 juillet: tous les samedis de 11:30 à 12:30 hrs: visite guidée de la cathédrale, point de rencontre: entrée rue Notre-Dame, 10 personnes au maximum, port de masque obligatoire, participation aux frais 5 euro par personne.
http://www.lsrs.lu
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)