Kultur
Seriekritik: The Umbrella Academy
D'Serie geet u mat engem Familljentreffe vun der onangeneemer Aart. Fënnef Superhelde mat ënnerschiddleche Fäegkeete rätselen iwwer den Doud vun hirem komesche Papp, gi sech géigesäiteg d'Schold a kréie sech schlussendlech fatzeg an d'Hoer, bis si all zesummen eng Léisung virum Enn vun der Welt fanne mussen.
Generell kann een d'Serie vergläiche mam Stil vun de Filmer "Guardians of the Galaxy". D'Personnagë sinn zynesch, hunn zwar Superkräfte wéi Zäitreesen oder Wënsch, déi an Erfëllung ginn, an awer huet dëst si net wierklech glécklech gemaach, éischter am contraire. Datt och Superhelden net ëmmer eens ginn am Liewen, mécht si sympathesch a gëtt der Serie en humorvollen Touch. Well et kann ee sech sécher sinn, bei allem wat si sech ausdenken, fir datt d'Welt net ënnergeet, geet bal alles zimmlech schif. Déi openee folgend Katastrophe sinn deelweis och ganz lëschteg mat unzekucken. Dës Prise schwaarzen Humor gëtt begleet mat enger interessanter a cooler Playlist.
De Jeff Russo war hei um Wierk mat enger bonter Mëschung vu Songs aus den 80er wéi "I Think We're Alone Now" vun Tiffany iwwer den Doors hirer "Soul Kitchen" bis zum anekdoteschem Sound vu "Sinnerman" vum Nina Simone.