Konferenzen
Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut (2)
55 min
E sozialhistoresche Bléck op Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren - Denis Scuto
Zanter den 1960er Joren erlieft Lëtzebuerg wéi déi aner europäesch Länner en déifgräifende Wandel. Dobäi kënnt fir Lëtzebuerg e vergläichsweis héijen a bal konstante Wirtschaftswuesstum zanter dem Enn vun den 1980er Joren. D'Bevëlkerung ass vun 315.000 am Joer 1960 op 614.000 am Joer 2018 gewuess. Si huet sech also bal verduebelt an engem hallwe Joerhonnert.
Den Denis Scuto werft e Bléck op e puer vun den Transformatioune vun der Lëtzebuerger Gesellschaft an de leschte 50 Joer: den Iwwergank vum Auswanderungs- an Awanderungsland zur Immigratiounsgesellschaft; vun der traditioneller Famill zur Vilfalt vun de Familljemodeller haut; d'Verännerungen an der Struktur vun der Aarbecht, dem Verhältnes tëschent Aarbecht a Fräizäit, mee och tëschent Fra a Beruff; d'Verännerungen och tëschent an innerhalb de soziale Milieuen, déi sech an de Joerhonnerte virdrun erausgebilt haten: Bourgeoisie, Klengbiergertum, Baueren, Aarbechter; d'Entwécklung vum Sozialstaat a senge verschiddenen Aspekter (Sozialversécherungen, Sozialdialog, Bildung, Wunnengsbau, Stad-Planung asw.); de Wandel vun der Astellung zu Wäerter, Relioun a Kierch am Kader vum spezifesch europäesche Sekulariséierungsprozess.
Opgeholl de 14. Oktober 2019 am CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a verschafft vum Carlo Link.
Denis Scuto, UNI Lëtzebuerg © Carlo Link