Aktuelles
Luerenzweiler a Steesel gesi Creos-Projet kritesch
D'Gemenge Steesel an Luerenzweiler verlaange vum Stroumnetzbedreiwer Creos däitlech Verbesserungen um Projet fir eng nei Héichspannungsleitung iwwer den Uelzechtdall an eng Umspannstatioun um Heeschdrefer Plateau. Zu Heeschdref géif d'Situatioun am Duerf selwer duerch de Projet zwar verbessert, dofir géifen awer um Heeschdrefer Plateau 12 Hektar fir d'Umspannwierk gebraucht a 50 Meter héich Pylonen an den Uelchzechtdall gesat.
Déi zwou Gemengen hunn op enger gemeinsamer Pressekonferenz verlaangt, datt alternativ Tracée gepréift ginn, respektiv, datt Creos de Landverbrauch um Heeschdrefer Plateau reduzéiert, andeems d'Umspannwierk verkapselt a grouss Deeler vun der Leitung ënnerierdesch gezu ginn, fir d'Landschaftsbild esou mann wéi méiglech ze zerschneiden. Hannergrënn vum Michèle Sinner.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)