Schwéierpunkt
Revolutiounen: Wir sind das Volk
8 min
Den 9. November 1989 fält déi Berliner Mauer. Dat war dat eng Konsequenz vun der neier russescher Politik vu Glasnost a Perestroika ënner dem President Michail Gorbatschow. An eng Konsequenz war dunn och de Muecht-Verloscht vun der Staatspartei SED. Den Hierscht 1989 war also esou gesi keng klassesch Revolutioun, wéi déi franséisch oder d'Oktober-Revolutioun. Et war dat eng Revolutioun ouni Gewalt, éischter entstanen aus dem Verloscht vun der Legitimatioun vun der SED, wéi aus dem Wonsch no Muecht vun de Manifestanten an Dissidenten.