Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Album vun der Woch

100komma7.lu / Album vun der Woch

/ Eddie Chacon - Pleasure, Joy and Happiness

Eddie Chacon - Pleasure, Joy and Happiness

Den Eddie Chacon, de Mann, dee mer grad op "Would I Lie To You" esou gefillsvoll "Oh Yeah" sangen héieren hunn, huet Mëtt den 90er dem Museksbusiness de Réck gedréit. Hien huet eng Karriär als Moudefotograf ageschloen.

E véierels Joerhonnert spéider steet hien nees am Tounstudio. R'n'B a Soul sinn erëm um Programm. Awer eng zimmlech duseleg Zort. Mat ganz ville Synthien a léiwen Drum Machines, déi zesummen e komescht Netzwierk vu beniwwelte Kläng vu sech ginn. Eng ongewéinlech musikalesch Tapéit, déi dem Crooner am mëttleren Alter seng duuss a suave Vocals liicht ironesch entgéintgesat sinn. Den Jamie Reinert huet an den Album vun der Woch "Pleasure, Joy and Happiness" eragelauschtert.

Musek

Episoden

Urlaub in Polen - All

Obwuel nëmmen zwee Mann héich, hu sech Urlaub in Polen iwwer déi lescht 18 Joer als matrappend Liveband en Numm gemaach.

Stadionhymne fir d'Isolatioun

Mat "Andere" presentéiert All Diese Gewalt säin drëtten Album a bléift der melancholesch-depressiver Stëmmung trei.

Stadionhymne fir d'Isolatioun

Mat "Andere" presentéiert All Diese Gewalt säin drëtten Album a bléift der melancholesch-depressiver Stëmmung trei.

Kacey Johansing - No Better Time

Kathartesche kalifornesche Pop fir beschwéiert Zäiten ze zämen.

Kacey Johansing - No Better Time

Kathartesche kalifornesche Pop fir beschwéiert Zäiten ze zämen.

Sprëtztour duerch een sowjeteschen Disco-Fräizäitpark

Ultraflex verbannen Discokläng aus den Achtzeger mat Sowjetescher Aerobic Ästhetik an lasziven Lyrics. Hieren Debutalbum ass eng vertounten Hommage un naasgeschweessten Kierperen a grujeleg

headphones

9 min

play_arrow

Adrianne Lenker - songs and instrumentals

E melancholescht Wierk mat just akustescher Gittar a Gesank, dat an enger Hütt am Bësch opgeholl gouf.
Adrianne Lenker - songs and instrumentals

Adrianne Lenker - songs and instrumentals

E melancholescht Wierk mat just akustescher Gittar a Gesank, dat an enger Hütt am Bësch opgeholl gouf.
headphones

5 min

play_arrow

This Is The Kit - Off Off On

Déi englesch Formatioun feilt nees ënnerdriwwen a prezis un hirer charmanter Folk-Visioun.

This Is The Kit - Off Off On

Déi englesch Formatioun feilt nees ënnerdriwwen a prezis un hirer charmanter Folk-Visioun.

Working Men's Club - Working Men's Club

Mat enger schaarfer Attack loossen déi jonk Nordenglänner vu Working Men's Club op hirem Debut Album näischt ubrennen.

Working Men's Club - Working Men's Club

Mat enger schaarfer Attack loossen déi jonk Nordenglänner vu Working Men's Club op hirem Debut Album näischt ubrennen.

Eartheater - Phoenix: Flames Are Dew Upon My Skin

En Album als Hommage un déi kënschtleresch Operstéiung. Mat "Phoenix" zelebréiert d'Multiinstrumentalistin Eartheater hir Ufanksdeeg.

Eartheater - Phoenix: Flames Are Dew Upon My Skin

En Album als Hommage un déi kënschtleresch Operstéiung. Mat "Phoenix" zelebréiert d'Multiinstrumentalistin Eartheater hir Ufanksdeeg.

Sufjan Stevens - The Ascension

Den amerikanesche Sänger liwwert e magesch zesummegewurschtelt Wierk iwwer grouss Themen.

Sufjan Stevens - The Ascension

Den amerikanesche Sänger liwwert e magesch zesummegewurschtelt Wierk iwwer grouss Themen.

Nana Adjoa - Big Dreaming Ants

Di hollännesch-ghanaesch Musekerin kreéiert atmosphäresche Pop mat vill Groove

Nana Adjoa - Big Dreaming Ants

Di hollännesch-ghanaesch Musekerin kreéiert atmosphäresche Pop mat vill Groove

The Flaming Lips - American Head

Op "American Head" maachen d'Flaming Lips esou, wéi wa se grad eréischt gemierkt hätten, datt hir Heemecht Oklahoma Deel vun de Vereenegte Staaten ass.