Album vun der Woch
Eddie Chacon - Pleasure, Joy and Happiness
Den Eddie Chacon, de Mann, dee mer grad op "Would I Lie To You" esou gefillsvoll "Oh Yeah" sangen héieren hunn, huet Mëtt den 90er dem Museksbusiness de Réck gedréit. Hien huet eng Karriär als Moudefotograf ageschloen.
E véierels Joerhonnert spéider steet hien nees am Tounstudio. R'n'B a Soul sinn erëm um Programm. Awer eng zimmlech duseleg Zort. Mat ganz ville Synthien a léiwen Drum Machines, déi zesummen e komescht Netzwierk vu beniwwelte Kläng vu sech ginn. Eng ongewéinlech musikalesch Tapéit, déi dem Crooner am mëttleren Alter seng duuss a suave Vocals liicht ironesch entgéintgesat sinn. Den Jamie Reinert huet an den Album vun der Woch "Pleasure, Joy and Happiness" eragelauschtert.
Episoden
Et bleift alles anescht
Ka Popmusek eng Zort Trauerbewältegung sinn? Jo, mengt de britteschen Trio Pale Blue Eyes op sengem neien Album "This House“.
![Méi wéi Léift](/1_Foto/100komma7.lu/48623/image-thumb__48623__base_thumbnail/M%C3%A9i%20w%C3%A9i%20L%C3%A9ift.2847266a.jpg)