Radioen

On air

Notturno  |  Jaunt - Holding On To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Mike Litoris Complot - The Six Whoresmen

Mike Litoris Complot - The Six Whoresmen

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Mir komme bei e Genre, deen definitiv net fir jiddwereen ass, an deen ee mat enger gesonder Portioun Humor muss lauschteren, nämlech Grind mat enger gesonder Portioun Core, Porn a virun allem och Death Metal. Mike Litoris Complot, déi virun zwee Joer well hiren Debutalbum "The Art Of Pony Party" erausbruecht hunn, an do scho bewisen hunn, datt ee sech net ëmmer all ze eescht muss huelen, fir gutt Musek ze maachen, hunn net laang op sech waarde gelooss a viru Kuerzem den Nofolger The Six Whoresmen verëffentlecht.

Änlech wéi och well op sengem Virgänger, kombinéiert d'Band op "The Six Whorsemen" gekonnt Witz, dee weess schwaach Gemidder opzereegen an ze empören, mat musikaleschem Talent. Esou fënnt een nieft de sëllege Blast Beats, Slams a Rum-Ta-Tta Passagen ëmmer nees richteg cool grooveg Riffer, déi matzerappe wëssen.

Vun den Texter versteet een alt erëm net all ze vill, wat awer guer net schlëmm ass, well Sënn an Zweck vun esou engem Album ass jo an éischter Linn de Spaass an de Witz an esou verzeit een enger Band dann och mol ganz gären e Lidd, wou et quasi just pig squeals a guer keng Lyrics gëtt.

Mee och an der Musek selwer gëtt et vill Momenter, wou einfach nëmmen erëm geblödelt gëtt.

Opgelackert gëtt den Album dës Kéier duerch eng ganz Rei Skits, déi einfach nëmme fir ze laachen agebaut goufen, an als kleng Ergänzung zum Lidd duerno déngen.

Wéi och bei sengem Virgänger kann ee soen, datt et sécher keen Album fir jiddwereen ass, mee datt all Mënsch mat bësse schwaarzem Humor, fir deen net ëmmer alles muss politesch korrekt sinn, beim Duerchlauschtere wäert e breet Grinsen um Gesiicht hunn.

Iwwregens lount sech och bei dësem Album nees e Bléck an d'Booklet, wou d'Band hir Dedications z. B. dem absolut mësslongene Remaster vum Kultspill Warcraft 3 widmen, natierlech dem Béier, dem Jason Voorhees aus "Friday, the 13th" oder och nach dem David Hasselhoff ...

Playlist


Darkthrone - Cromlech
Devildriver - Iona
Thy Art Is Murder - Eye For an Eye
Brujeria - COVID-666
The Ocean - Jurassic | Cretaceous
Mike Litoris Complot - Pony Cash Machine
Vampire - Melek-Taus
Zombi - No Damage
Carach Angren - Like A Conscious Parasite I Roam
Abstract Rapture - Dead End Entry

Musek

Episoden