Aktuelles
Covid-19: Nei Restriktioune vu muer un
D'Chamber huet gëschter déi méi restriktiv Mesuren an nei Sanktiounen am Kampf géint d'Corona-Pandemie gestëmmt, nëmmen dräi Deeg nom Depot vum Projet. Dëst sinn éischt punktuell Ännerungen um neie Covid-19-Gesetz, dat eréischt de leschte Weekend a Kraaft getruede war.
Vu muer un däerf een doheem nëmmen nach zéng Gäscht ëmfänken. Persounen, déi géint d'Isolements- an d'Quarantänsreegele verstoussen, riskéiere Strofe vu bis zu 500 Euro. Horesca-Entreprisen, déi hir Reegelen net respektéieren, riskéieren hir Autorisatioun fir dräi Méint suspendéiert ze kréien.
E Bäitrag vum Serge Kesseler
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)