Album vun der Woch
Jessy Lanza - All The Time
Zanter 2013 fabrizéiert d'Jessy Lanza e séissen experimentellen Amalgam vun eklekteschem Synthpop, 90er R'n'B, Funk a villes méi, an dat mat der richteger Dosis Kitsch. Déi fréier Museksproff aus dem Ontario geet mat enger besonnescher Sensibilitéit un hir Aarbecht erun a liwwert op hirem neie Wierk Discokugel-Atmosphär mat Kapp. Hir eckeg Beats schläiche sech frech un een erun. D'Rhythme si komplex awer direkt. Intelligente Pop kéint ee soen, wou d'Kierperlechkeet ni op d'Käschte vum Verstand sacrifiéiert gëtt. Wou een engersäits ofschalte kann awer trotzdeem genuch Substanz gebuede kritt fir déi gro Matière waakreg ze halen.
Episoden
Sharon Van Etten - We've Been Going About This All Wrong
Och wann den Titel vun hirer neier Plack eppes aneres suggeréiert, sou huet d'Sharon Van Etten och mat hirem sechsten Album "We've Been Going About This All Wrong" nees op ganzer Linn ofgeli
Tomberlin - i don't know who needs to hear this
Der amerikanescher Songwriterin Tomberlin hir zweet Plack huet e puer Faarwe méi, wéi ee vun hir gewinnt ass.
Tomberlin - i don't know who needs to hear this
Der amerikanescher Songwriterin Tomberlin hir zweet Plack huet e puer Faarwe méi, wéi ee vun hir gewinnt ass.
Primer - Incubator
Immens danzbare Synthpop mat bläischwéiere Lyrics liwwert d'Alyssa Midcalf alias Primer op hirem zweeten Album "Incubator".
Primer - Incubator
Immens danzbare Synthpop mat bläischwéiere Lyrics liwwert d'Alyssa Midcalf alias Primer op hirem zweeten Album "Incubator".
![Impressionistesch Toile vun engem Dad Rocker](/legacy/images/24077/image-thumb__24077__base_thumbnail/Walter-Martin.e48ef9fc.jpg)
Impressionistesch Toile vun engem Dad Rocker
Op "The Bear" kuckt de Walter Martin direkt an dach poetesch op seng Vergaangenheet zeréck.
![Impressionistesch Toile vun engem Dad Rocker](/legacy/images/24077/image-thumb__24077__base_thumbnail/Walter-Martin.e48ef9fc.jpg)