Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Album vun der Woch

100komma7.lu / Album vun der Woch

/ Jessy Lanza - All The Time

Jessy Lanza - All The Time

Zanter 2013 fabrizéiert d'Jessy Lanza e séissen experimentellen Amalgam vun eklekteschem Synthpop, 90er R'n'B, Funk a villes méi, an dat mat der richteger Dosis Kitsch. Déi fréier Museksproff aus dem Ontario geet mat enger besonnescher Sensibilitéit un hir Aarbecht erun a liwwert op hirem neie Wierk Discokugel-Atmosphär mat Kapp. Hir eckeg Beats schläiche sech frech un een erun. D'Rhythme si komplex awer direkt. Intelligente Pop kéint ee soen, wou d'Kierperlechkeet ni op d'Käschte vum Verstand sacrifiéiert gëtt. Wou een engersäits ofschalte kann awer trotzdeem genuch Substanz gebuede kritt fir déi gro Matière waakreg ze halen.

Musek

Episoden

Arca - KiCk i

Vun der Starproduzentin zur neier Avant-Pop Diva: mat "KiCk i" erklëmmt d'Arca de Poptroun. Eisen Album vun der Woch.

Christian Lee Hutson - Beginners

Emotionell transparent Lidder, um Beichtstull komponéiert.

Christian Lee Hutson - Beginners

Emotionell transparent Lidder, um Beichtstull komponéiert.

Run the Jewels - RTJ4

Mat "RTJ4" liwwert de Rapduo Run the Jewels de Soundtrack fir d'Black Lives Matter Protestbeweegung. En Album, esou aktuell wéi néideg.

Run the Jewels - RTJ4

Mat "RTJ4" liwwert de Rapduo Run the Jewels de Soundtrack fir d'Black Lives Matter Protestbeweegung. En Album, esou aktuell wéi néideg.

Perfume Genius - Set My Heart on Fire Immediately

Dee fënneften Opus vum Sänger weist en Artist, dee mat sech a sengem Kierper a senger Vergänglechkeet Fridde schléisst.

Perfume Genius - Set My Heart on Fire Immediately

Dee fënneften Opus vum Sänger weist en Artist, dee mat sech a sengem Kierper a senger Vergänglechkeet Fridde schléisst.
Blake Mills - Mutable Set

Blake Mills - Mutable Set

Eng onheemlech nuancéiert Klangtapéit tëschent Ambient a Singer-Songwriter
headphones

6 min

play_arrow
Blake Mills - Mutable Set

Blake Mills - Mutable Set

Eng onheemlech nuancéiert Klangtapéit tëschent Ambient a Singer-Songwriter
headphones

6 min

play_arrow

Einstürzende Neubauten - Alles in Allem

Eng Plack tëschent Chaos a Melancholie fir de 40. Gebuertsdag vun der Berliner Kultband
headphones

8 min

play_arrow

Einstürzende Neubauten - Alles in Allem

Eng Plack tëschent Chaos a Melancholie fir de 40. Gebuertsdag vun der Berliner Kultband
headphones

8 min

play_arrow

Chicano Batman - Invisible People

Pan-amerikaneschen Tropicàlia - dat kléngt no gudder Laun. Mee déi nei Plack vun Chicano Batman huet vill méi ze bidde wéi dat.

Chicano Batman - Invisible People

Pan-amerikaneschen Tropicàlia - dat kléngt no gudder Laun. Mee déi nei Plack vun Chicano Batman huet vill méi ze bidde wéi dat.

Damien Jurado - What's New Tomboy?

Den Indie Veteran léisst seng Lidder nees schéin ootmen a reduzéiert sech op de Essentiellt.

Damien Jurado - What's New Tomboy?

Den Indie Veteran léisst seng Lidder nees schéin ootmen a reduzéiert sech op de Essentiellt.

Fiona Apple - Fetch The Bolt Cutters

Dee fënneften Album vun der amerikanescher Kënschtlerin ass vun enger Déift, enger Intensitéit a Schéinheet, un där een als Fan laang wäert ze knaen hunn.

Fiona Apple - Fetch The Bolt Cutters

Dee fënneften Album vun der amerikanescher Kënschtlerin ass vun enger Déift, enger Intensitéit a Schéinheet, un där een als Fan laang wäert ze knaen hunn.

M. Ward - Migration Stories

Den M. Ward, Singer-Songwriter a Gittarist aus dem Oregon, deet op senger neier Plack "Migration Stories" Country, Ambient a Pop aneneelafen.