Album vun der Woch
Jessy Lanza - All The Time
Zanter 2013 fabrizéiert d'Jessy Lanza e séissen experimentellen Amalgam vun eklekteschem Synthpop, 90er R'n'B, Funk a villes méi, an dat mat der richteger Dosis Kitsch. Déi fréier Museksproff aus dem Ontario geet mat enger besonnescher Sensibilitéit un hir Aarbecht erun a liwwert op hirem neie Wierk Discokugel-Atmosphär mat Kapp. Hir eckeg Beats schläiche sech frech un een erun. D'Rhythme si komplex awer direkt. Intelligente Pop kéint ee soen, wou d'Kierperlechkeet ni op d'Käschte vum Verstand sacrifiéiert gëtt. Wou een engersäits ofschalte kann awer trotzdeem genuch Substanz gebuede kritt fir déi gro Matière waakreg ze halen.
Episoden
Urlaub in Polen - All
Obwuel nëmmen zwee Mann héich, hu sech Urlaub in Polen iwwer déi lescht 18 Joer als matrappend Liveband en Numm gemaach.
Stadionhymne fir d'Isolatioun
Mat "Andere" presentéiert All Diese Gewalt säin drëtten Album a bléift der melancholesch-depressiver Stëmmung trei.
Stadionhymne fir d'Isolatioun
Mat "Andere" presentéiert All Diese Gewalt säin drëtten Album a bléift der melancholesch-depressiver Stëmmung trei.
Kacey Johansing - No Better Time
Kathartesche kalifornesche Pop fir beschwéiert Zäiten ze zämen.
Kacey Johansing - No Better Time
Kathartesche kalifornesche Pop fir beschwéiert Zäiten ze zämen.
Sprëtztour duerch een sowjeteschen Disco-Fräizäitpark
Ultraflex verbannen Discokläng aus den Achtzeger mat Sowjetescher Aerobic Ästhetik an lasziven Lyrics. Hieren Debutalbum ass eng vertounten Hommage un naasgeschweessten Kierperen a grujeleg

Adrianne Lenker - songs and instrumentals
E melancholescht Wierk mat just akustescher Gittar a Gesank, dat an enger Hütt am Bësch opgeholl gouf.
![Adrianne Lenker - songs and instrumentals](/legacy/images/33023/image-thumb__33023__base_thumbnail/Adrianne%20Lenker.a919098e.jpg)