Radioen

On air

Tockcity  |  Warmduscher - Fashion Week

play_arrow Live
arrow_back_ios

Album vun der Woch

100komma7.lu / Album vun der Woch

/ Jessy Lanza - All The Time

Jessy Lanza - All The Time

Zanter 2013 fabrizéiert d'Jessy Lanza e séissen experimentellen Amalgam vun eklekteschem Synthpop, 90er R'n'B, Funk a villes méi, an dat mat der richteger Dosis Kitsch. Déi fréier Museksproff aus dem Ontario geet mat enger besonnescher Sensibilitéit un hir Aarbecht erun a liwwert op hirem neie Wierk Discokugel-Atmosphär mat Kapp. Hir eckeg Beats schläiche sech frech un een erun. D'Rhythme si komplex awer direkt. Intelligente Pop kéint ee soen, wou d'Kierperlechkeet ni op d'Käschte vum Verstand sacrifiéiert gëtt. Wou een engersäits ofschalte kann awer trotzdeem genuch Substanz gebuede kritt fir déi gro Matière waakreg ze halen.

Musek

Episoden

Eng musikalesch Psychoanalys fir eise Géigewaartsmalaise

Den Avantpop-Trio Virginia Wing presentéiert op "private LIFE" d'Resultat vun enger musikalescher Gruppentherapie.

Django Django - Glowing In The Dark

Am Donkele liichten ass Hoffnung a schwieregen Zäiten. Aus Rave a Psychedelic Pop wiewen Django Django eng faszinéierend Tapéit, déi un een eidelen Dancefloor denken deet.

Tëschent Akribie a Perfektiounsverweigerung

Black Country, New Road ass ouni Zweiwel d'Band vun der Stonn a liwwert elo mat "For The First Time" een impressionanten Debutalbum.

Tëschent Akribie a Perfektiounsverweigerung

Black Country, New Road ass ouni Zweiwel d'Band vun der Stonn a liwwert elo mat "For The First Time" een impressionanten Debutalbum.

The Notwist - Vertigo Days

Déi däitsch Band liwwert no 30 Joer Karriär eng vun hire stäerksten an experimentellsten Aarbechten of.

The Notwist - Vertigo Days

Déi däitsch Band liwwert no 30 Joer Karriär eng vun hire stäerksten an experimentellsten Aarbechten of.
Buck Meek - Two Saviors

Buck Meek - Two Saviors

Dem Singer-Songwriter säin zweet Wierk glënnert am groe Wanter an zelebréiert spontan kollaborativ Kreatioun.
Buck Meek - Two Saviors

Buck Meek - Two Saviors

Dem Singer-Songwriter säin zweet Wierk glënnert am groe Wanter an zelebréiert spontan kollaborativ Kreatioun.

Ouni Kompass um Terrain vun de Gefiller

Den Efterklang-Frontmann Casper Clausen presentéiert mat "Better Way" säi Solodebut.

Ouni Kompass um Terrain vun de Gefiller

Den Efterklang-Frontmann Casper Clausen presentéiert mat "Better Way" säi Solodebut.
headphones

8 min

play_arrow

The Kills - Little Bastards

Eng Sammlung vun onverëffentlechte Studio-Outtakes misst eng besonnesch gëeegent Geleeënheet sinn, de Kills hir Schnappschëss vu rengem Flow ze entdecken, oder erëmzeentdecken.
headphones

9 min

Haiyti - Influencer

Der däitscher Rapperin Haiyti hiren zweeten Album bannent engem hallwe Joer gëtt am Feuilleton total gefeiert, mee den Duerchbroch léisst trotzdeem op sech waarden.

Haiyti - Influencer

Der däitscher Rapperin Haiyti hiren zweeten Album bannent engem hallwe Joer gëtt am Feuilleton total gefeiert, mee den Duerchbroch léisst trotzdeem op sech waarden.

Salami Rose Joe Louis - Chapters of Zdenka

Als Making Of vun hirem Debut ass "Chapters of Zdenka", déi zweet Plack vun der Salami Rose Joe Louis, eng Visitt am Gerëmpels-Eck.

Salami Rose Joe Louis - Chapters of Zdenka

Als Making Of vun hirem Debut ass "Chapters of Zdenka", déi zweet Plack vun der Salami Rose Joe Louis, eng Visitt am Gerëmpels-Eck.

Luka Kuplowsky - Stardust

Dem kanadesche Singer-Songwriter säin neit Wierk ass lëfteg, atmosphäresch a mat vill Stärestëbs bestreet.

Luka Kuplowsky - Stardust

Dem kanadesche Singer-Songwriter säin neit Wierk ass lëfteg, atmosphäresch a mat vill Stärestëbs bestreet.

Urlaub in Polen - All

Obwuel nëmmen zwee Mann héich, hu sech Urlaub in Polen iwwer déi lescht 18 Joer als matrappend Liveband en Numm gemaach.