Album vun der Woch
Jessy Lanza - All The Time
Zanter 2013 fabrizéiert d'Jessy Lanza e séissen experimentellen Amalgam vun eklekteschem Synthpop, 90er R'n'B, Funk a villes méi, an dat mat der richteger Dosis Kitsch. Déi fréier Museksproff aus dem Ontario geet mat enger besonnescher Sensibilitéit un hir Aarbecht erun a liwwert op hirem neie Wierk Discokugel-Atmosphär mat Kapp. Hir eckeg Beats schläiche sech frech un een erun. D'Rhythme si komplex awer direkt. Intelligente Pop kéint ee soen, wou d'Kierperlechkeet ni op d'Käschte vum Verstand sacrifiéiert gëtt. Wou een engersäits ofschalte kann awer trotzdeem genuch Substanz gebuede kritt fir déi gro Matière waakreg ze halen.
Episoden
Snapped Ankles - Forest of Your Problems
De Bandnumm Snapped Ankles mécht een e bësse mulmeg. Wie wëllt schonn e Fouss gestallt kréien?
Faye Webster - I Know I'm Funny Haha
Entschleunegt Musek fir de Summer tëschent Country an R&B
Lonelady - Former Things
Déi drëtt Plack, déi déi brittesch Songwriterin um Label Warp erausbréngt verréit seng Retro-Ausriichtung schonn am Titel.
Hildegard - Hildegard
"Ech schwätzen a menge Lidder gären dat un, wat a menge perséinleche Bezéiunge mat anere Leit ongesot bleift, als eng Aart Ventil" (Helena Deland, 2018)
Japanese Breakfast - Jubilee
Deen neien Album vum amerikaneschen Duo feiert d'Liewen an d'Freed.
![Nicholas Krgovich - This Spring: Songs by Veda Hille](/legacy/images/28127/image-thumb__28127__base_thumbnail/Den%20Nicholas%20Krgovich%20an%20d%27Veda%20Hille.0d64a756.jpg)