Album vun der Woch
Jessy Lanza - All The Time
Zanter 2013 fabrizéiert d'Jessy Lanza e séissen experimentellen Amalgam vun eklekteschem Synthpop, 90er R'n'B, Funk a villes méi, an dat mat der richteger Dosis Kitsch. Déi fréier Museksproff aus dem Ontario geet mat enger besonnescher Sensibilitéit un hir Aarbecht erun a liwwert op hirem neie Wierk Discokugel-Atmosphär mat Kapp. Hir eckeg Beats schläiche sech frech un een erun. D'Rhythme si komplex awer direkt. Intelligente Pop kéint ee soen, wou d'Kierperlechkeet ni op d'Käschte vum Verstand sacrifiéiert gëtt. Wou een engersäits ofschalte kann awer trotzdeem genuch Substanz gebuede kritt fir déi gro Matière waakreg ze halen.
Episoden
Eng musikalesch Psychoanalys fir eise Géigewaartsmalaise
Den Avantpop-Trio Virginia Wing presentéiert op "private LIFE" d'Resultat vun enger musikalescher Gruppentherapie.
Django Django - Glowing In The Dark
Am Donkele liichten ass Hoffnung a schwieregen Zäiten. Aus Rave a Psychedelic Pop wiewen Django Django eng faszinéierend Tapéit, déi un een eidelen Dancefloor denken deet.

Tëschent Akribie a Perfektiounsverweigerung
Black Country, New Road ass ouni Zweiwel d'Band vun der Stonn a liwwert elo mat "For The First Time" een impressionanten Debutalbum.
Tëschent Akribie a Perfektiounsverweigerung
Black Country, New Road ass ouni Zweiwel d'Band vun der Stonn a liwwert elo mat "For The First Time" een impressionanten Debutalbum.
The Notwist - Vertigo Days
Déi däitsch Band liwwert no 30 Joer Karriär eng vun hire stäerksten an experimentellsten Aarbechten of.
The Notwist - Vertigo Days
Déi däitsch Band liwwert no 30 Joer Karriär eng vun hire stäerksten an experimentellsten Aarbechten of.
![Buck Meek - Two Saviors](/legacy/images/23108/image-thumb__23108__base_thumbnail/Buck%20Meek.773b70b8.jpg)
Buck Meek - Two Saviors
Dem Singer-Songwriter säin zweet Wierk glënnert am groe Wanter an zelebréiert spontan kollaborativ Kreatioun.
![Buck Meek - Two Saviors](/legacy/images/23108/image-thumb__23108__base_thumbnail/Buck%20Meek.773b70b8.jpg)