Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - The Hustle

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ "Tu préfères" an "Chroniques végétales"

"Tu préfères" an "Chroniques végétales"

Se si kuerz a knackeg a komplett verschidden. Zwou Mini-Serië mat Episode vu jeeweils véier bis sechs Minutte stinn am Fokus.

Déi éischt Serie dréit den Titel: "Tu préfères" op Däitsch "Würdest du eher". D'Djeneba, d'Shai, den Ismaël an den Aladi si 16 Joer al a wuessen op an engem populäre Quartier vu Paräis.

Déi véier si matten an der Pubertéit an zéie sech gäre géigesäiteg mat engem Spill op, dat doraus besteet sech absurd Froen ze stëllen, déi en Dilemma duerstellen. Wéi zum Beispill: Häss de léiwer keng Been oder keng Äerm? Häss de léiwer en Job, deens de gäre méchs mam Mindestloun oder e schäiss Job, an dofir 10.000 Euro pro Mount? Et ass duerch dëst Spill, wou si sech mat Theemen auserneesetzen, déi fir si an hirer Pubertéit grad wichteg sinn.

Déi zweet Serie kéint aneschters net sinn. Si heescht "Chroniques végétales" op Däitsch "Kräuter-Geschichten". Och hei ginn et zéng Episoden, déi awer net méi laang si wéi véier Minutten.

An deene puer Minutte gëtt all kéiers de Portrait vun enger Kraiderplanz gezeechent, déi een deelweis kennt, mee awer och iwwersäit. Zum Beispill d'Brennnessel, d'Pissblumm oder de Borretsch.

Et gëtt erzielt, wou d'Planzen hierkommen, firwat se esou heeschen an natierlech awer och firwat se gutt sinn, wat ee wéi vun hinne benotze kann. Dës Serie ass net nëmmen interessant, well se immens informativ ass, mee och well se flott realiséiert ass.

D'Serien "Tu préfères" a "Chroniques végétales" sinn op verschidde Sproochen an der Arte Mediathéik ze gesinn.

Kultur

Episoden

Kulturagenda vun der Woch

D'Kulturevenmenter vun der Woch
headphones

5 min

play_arrow

Am Gespréich mam Serge Tonnar

De Lëtzebuerger Museker stellt ënner anerem seng nei Single "Viva" vir.
headphones

22 min

play_arrow
Joël Egloff - Ces féroces soldats

Joël Egloff - Ces féroces soldats

A sengem neie Roman verléisst de franséische Schrëftsteller seng gewéinlech fiktional Prosa an erzielt hei d’Geschicht vu sengen Elteren.
headphones

6 min

play_arrow
Nei Ausstellungen am CNA souwéi an der Méckenheck

Nei Ausstellungen am CNA souwéi an der Méckenheck

"Traces of Time" vum éisträichesche Kënschtler Kai Walkowiak am CNA/Pomhouse an eng kollektiv Ausstellung an der Méckenheck zu Bierchem
headphones

8 min

play_arrow
Blues'n' Jazz Rallye

Blues'n' Jazz Rallye

De Michel Leruth, Booker fir d'Evenement vun dësem Samschdeg, bei deem 40 Bands a Museker optrieden, gëtt Detailer.
headphones

12 min

play_arrow
Eve Guerra - Rapatriement

Eve Guerra - Rapatriement

Déi franko-kongoleesesch Schrëftstellerin schwätzt iwwer hir Literatur.
headphones

16 min

play_arrow
Blues‘n' Jazz Rallye dëse Samschdeg am Pafendall, Clausen a Gronn.

Blues‘n' Jazz Rallye dëse Samschdeg am Pafendall, Clausen a Gronn.

De Michel Leruth, Booker fir d'Evenement vun dësem Samschdeg, bei deem 40 Bands a Museker optrieden, gëtt Detailer.
headphones

11 min

play_arrow
"Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski

"Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski

Déi zwou Schauspillerinnen iwwer hiert Stéck, dat den Ament am Château de Saint-Chamand zu Avignon opgeféiert gëtt.
headphones

8 min

play_arrow
Nei Saison an nei Direktioun am CAPE

Nei Saison an nei Direktioun am CAPE

Am Centre des arts pluriels zu Ettelbréck gëtt et eng nei Spëtzt: d’Ana Maria Tzekov, déi virdrun an der Philharmonie am Beräich Museksvermëttlung geschafft huet, huet d’Direktioun vum Carl Adalsteinsson iwwerholl.
headphones

13 min

play_arrow
"Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski

"Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski

Déi zwou Schauspillerinnen iwwer hiert Stéck, dat den Ament am Château de Saint-Chamand zu Avignon opgeféiert gëtt.
headphones

12 min

play_arrow
Jenny Erpenbeck - "Kairos"

Jenny Erpenbeck - "Kairos"

Laureatin vum International Booker Prize 2024
headphones

4 min

play_arrow
Filmkritik: "Sons"

Filmkritik: "Sons"

D'Ekipp vum Grousse Kino hat dësen dänesche Prisongsthriller de leschte Samschdeg beschwat.
headphones

11 min

play_arrow
Kulturagenda vun der Woch

Kulturagenda vun der Woch

Vu Liesungen bis Karaoke
headphones

4 min

play_arrow

"Kéis"

Wou kënnt dat Wuert hier?
headphones

9 min

play_arrow
Samuel Hamen a säi Servais-Präis

Samuel Hamen a säi Servais-Präis

Zeremoniell Iwwerreechung vum Servais-Präis un de Samuel Hamen am Nationale Literaturarchiv
headphones

9 min

play_arrow
Queere Storytelling an der Escher Bibliothéik

Queere Storytelling an der Escher Bibliothéik

D’Séraphine Mirage liest Shakespeare; den Tom Hecker kommentéiert säi rezente Face-à-face mam ADR Deputéierten Tom Weidig
headphones

5 min

play_arrow
Banal a wéineg couragéiert Medienanalys

Banal a wéineg couragéiert Medienanalys

Iwwer dem Laurent Moyse säi Sachbuch "La Bataille des journalistes. Réflexion sur le monde de l'information à la dérive".
headphones

6 min

play_arrow
Impressioune vum Vernissage vum Lëtzebuerger Foto-Projet zu Arles | © Chris Zeien

Impressioune vum Vernissage vum Lëtzebuerger Foto-Projet zu Arles

D’Isabelle Medinger war fir hire Papp, de Fotograf Michel Medinger, op de Rencontres d’Arles.
headphones

20 min

play_arrow
Helen Bucholtz: tëschent zwou Welten

Helen Bucholtz: tëschent zwou Welten

E Buch vun der Noemi Deitz iwwer eng Komponistin aus der Lëtzebuerger Museksgeschicht, déi an den Nonzeger Joren iwwerhaapt emol entdeckt gouf.
headphones

11 min

play_arrow
Chroegraphical Talks déi Drëtt

Chroegraphical Talks déi Drëtt

Iwwer hir Praxis ze schreiwe schéngt déi däitsch-lëtzebuergesch Choreographin Anne-Mareike Hess een einfach ze léisende Mystère ze sinn, deem si awer mat vill Virsiicht a Sensibilitéit entgéinttrëtt.
headphones

5 min

play_arrow