Kultur
De Rémy Laporte mécht Dieren op
Eng vun den Haaptmissioune vun de Rotonden ass Nowuesstalenter förderen. Am Beräich vun der plastescher Konscht zum Beispill mat der "Triennale jeune création". Enn Juni sollt di 5. Triennale opgoen, ma wéinst der Corona-Kris gouf se op 2021 verluegt, a fir di sélectionéiert Artisten ass eng virtuell Plattform geschafe ginn. De Public huet natierlech och Zougang. An e kann an de Rotonden nei Aarbechte vu fréiere Participanten entdecken. Zum Beispill déi vum Nantzeger Rémy Laporte, deen am Cube nieft der Buvette ausstellt. D'Kerstin Thalau war seng Installatioun kucken.