Kultur
D'Molerei vum Mike Okay: Kannerspillsaachen am Pastelllook
7 min
De Mike Okay portraitéiert d'Spillsaachen aus senger Kandheet op eng naiv an häerzlech Aart a Weis
Op engem Pastell Mofen Hannergrond aus gesäit een eng Popp, déi eis mat groussen Aen entgéint kuckt. Si huet e plüschene Pelz a grouss Oueren.
Et schéngt wéi wann se ouni Geschéck op d'Leinwand gesprayt gouf, e bësse wéi wann e Kand sech Méi ginn hätt beim Ofmolen. Ënnert der Plüschpopp läit e FedEx Camion ëmgedréint op sengem Daach, an um Rand vum Bild spadséieren e puer Kritzeleien derueter. E bëssen esou wéi ee fréier an de Rand vu sengem heft gekrozelt huet.CUT 1
"Ich merke ganz oft, dass diese imperfekte Linie mich enorm reizt und dass auch Fehler mich reizen. Deswegen schließ ich auch oft die Augen und mal dann weiter, kucke was passiert. Das sind die Momente, die ich nicht steuern kann, die unbewusst passieren. Und das Scribbeln, wie du vorher schon sagtest, so am Heftrand oder auf einer Fernsehzeitschrift früher, wenn man den Figuren, die Zähne ausgemalt hat oder ein blaues Auge oder eine Narbe ins Gesicht, dieses lockere Gefühl, dieses Moments wo man einfach nicht drüber nachdenkt, was man macht, diesen Moment mag ich."