Radioen

On air

Notturno  |  The Good, The Bad & The Queen - Merrie Land

play_arrow Live
arrow_back_ios

Presserevue

100komma7.lu / Presserevue

/ Presserevue

Presserevue

Vun enger "gewoter Strategie" schreift haut d'Lëtzebuerger Wort: an der Corona-Kris géif Lëtzebuerg vill testen a géif awer zum Risiko-Gebitt deklaréiert ginn. Vum Auswärtigen Amt zu Berlin koum jo gëschter eng Reeswarnung: vun "net noutwendegen" Openthalter zu Lëtzebuerg gouf ofgeroden.


Déi méi héich Infektiounszuelen hätten als Konsequenz, datt d'Robert-Koch-Institut, Lëtzebuerg als Risikoland klasséiert huet a viru Reesen an de Grand-Duché gewarnt gëtt.


Wien an Däitschland reest, misst eng Quarantän a Kaf huele, warnt d'Lëtzebuerger Wort. D'Grenze géifen awer op bleiwen.


D'Entscheedung aus Däitschland, dierft d'Pläng vu villen Touristen aus Lëtzebuerg iwwert de Coup geheien. Däitsche wiere just nach kuerz Visitte vu maximal dräi Deeg zu Lëtzebuerg erlaabt.


Fir Grenzgänger géifen et keng Limitatioune ginn, notéiert d'Wort.


Le pays placé en isolement", esou dann den Titel vum David Marques sengem Editorial am Quotidien.


Den Isolement vu Lëtzebuerg wier haut e Fakt: déi éischt gréisser "Post-Noutstand-Epreuve" géif op d'Regierung waarden.


Den Editorialist schreift vun engem "beonrouegende Bilan" bei den Nei-Infektiounen an Hospitalisatiounen hei am Land, mat als Konsequenz de Reaktiounen aus der Belsch an aus Däitschland.

Episoden

De Bléck an d'Zeitungen

D'Zeitunge schreiwen iwwer déi rhetoresch Talenter vun eise Politiker an ë. a. iwwer d'Josée Hansen an d'Laura Thorn.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Geschäftsrelatioune mat Huawei, Buschaufferen ouni Beschäftegung a schwéier Zäite fir de Frae-Vëlossport, dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Geschäftsrelatioune mat Huawei, en haarden Éischte Mee a schwéier Zäite fir de Frae-Vëlossport, dat sinn eis Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

De "Problemfall" ONA an déi chaotesch Zoustänn beim Accueil vu Flüchtlingen an de Chaos ronderëm den neie Monogramm op den offiziellen Uniformen, wann de Guillaume Grand-Duc gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 7h15

E Polizist fuerdert viru Geriicht Schuedenersatz vun der Policegewerkschaft a virum 1. Mee gi sech Froen iwwer de Lëtzebuerger Sozialmodell gestallt.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vun 8:15

Stäreparade fir d'Restauranten, d'Fro nom Sozialdialog a wat ee vum Donald Trump ka léieren, eis Theemen haut an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 07:15

Stäreparade fir d'Restauranten, d'Fro nom Sozialdialog a wat ee vum Donald Trump ka léieren, eis Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Kee Business as usual an der Geschäftswelt, ee legitimmen Interêt un Informatioun an elektresch ënnerwee mat engem 40 Tonner, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Kee Business as usual an der Geschäftswelt, ee legitimmen Interêt un Informatioun an elektresch ënnerwee mat engem 40 Tonner, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Weekend-Editioun

Sozialwunnengen zu Altréier, eng nei energetesch Communautéit zu Biekerech, a fréier Busschaufferen vum TICE - dat si Sujeten an der nationaler Press um Weekend.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Den Interêt un der Lëtzebuerger Sproch, de Jean-Claude Hollerich als Poopstkandidat an den Accès op ëffentlech Dokumenter: eis Theemen haut an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

De Bremser Bettenduerf ass fort, de Jean Claude Hollerich als Poopstkandidat an e schlechten Zoustand vun eise Baachen, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 8:15

Verschwörungstheorien an der Chamber, laang Delaie bei Presseufroen a 5 Stären a Vue op d'Péitruss, eis Theemen haut an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Verschwörungstheorien an der Chamber, laang Delaie bei Presseufroen an e Sträit ëm Zebrasträifen an der Stad, eis Theemen haut an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun vun 8.15

Mat de Sujete Poopst François, Handwierk, Droits d'auteuren an Ouschtermarsch
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vu 7:15

Mat de Sujete Poopst François, Handwierk, Droits d'auteuren an Ouschtermarsch
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vun 8:15

Mat Réckblécker op de verstuerwene Poopst François
headphones

3 min

play_arrow

Editioun vu 7:15

Mat Réckblécker op de verstuerwene Poopst François
headphones

3 min

play_arrow

Podcast-Tip: Chronologie vun der Caritas-Affär

Nei Serie am Zeenewiessel
headphones

3 min

play_arrow

De Bléck an d'Zeitungen

Déi geschriwwe Press beschäftegt sech mam Handyverbuet an der Grondschoul an der Friddensbeweegung.
headphones

4 min

play_arrow