arrow_back_ios

Presserevue

100komma7.lu / Presserevue

/ Presserevue

Presserevue

Zwou Lëtzebuerger Dageszeitungen thematiséieren den Aviatiounssecteur haut grouss op hiren éischte Säiten: "Angst um Arbeitsplätze", esou d'Schlagzeil vum Lëtzebuerger Wort. An "Anleitung zum Durchstarten", dat ass den Titel, deen de Lëtzebuerger Journal gewielt huet, am Virfeld vun der sektorieller Tripartite vun haut.


D'Loftfaart-Branche géif an enger déiwer Kris stiechen, esou de Journal. Déi sektoriell Tripartite vun haut, soll de Wee aus den Turbulenze festleeën. D'Normaliséierung wäert Joren daueren.


Schwéier erwëscht hätt et och de Grupp Luxair: dem Lëtzebuerger Journal no, wier eng nei Strategie fir d'Gesellschaft néideg.


Dem Lëtzebuerger Wort no, géif wéineg geflu ginn, vill Fligere stéingen u Buedem. An dësen Zoustand kéint nach laang daueren.


E Sozialplang hätt bis elo nach keng vun den dräi Gesellschafte Luxair, Cargolux a Luxairport ugekënnegt, an dat soll och esou bleiwen. Wann néideg, misst de Staat intervenéieren, esou gëtt d'OGBL-Vertriederin Michelle Cloos am Wort zitéiert. Et misst alles gemaach gi, fir datt et keng sozial Kris am Loftfaart-Secteur gëtt, seet d'Gewerkschaftlerin.

Episoden

Editioun vum Weekend

Joyeuse entrée zu Esch fir déi groussherzoglech Koppel a Pressekonferenz vum Orthoped Philippe Wilmes dominéieren d'Une vun de Lëtzebuerger Zeitungen.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Eng kruzial Tripartite, Ökozid als Verbriechen an en Interview mam CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Eng kruzial Tripartite, eng nei Verteidegungslinn an d'Pëtrolskris als Chance, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

E Premier ënner Drock, de Protein-Hype an eng retouchéiert Foto, dat sinn d'TheEmen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

E Premier ënner Drock, een Dokter mat medialen Ambitiounen an eng Demissioun am Kulturbetrib, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Kënnt eng Tripartite, den Dr. Wilmes bleift suspendéiert an eng retouchéiert Foto, dat sinn d'Theemen an eiser Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Kënnt eng Tripartite, den Dr. Wilmes bleift suspendéiert an eng retouchéiert Foto, dat sinn d'Theemen an eiser Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

Méi héich Strofe bei ze héijer Vitesse, Kritik un den neie roude Luuchten am Rond-Point bei der A13 zu Diddeleng an de Shitstorm wéinst de Reeboufaarwen op enger Vëlospiste
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

De Sportsmusée kéint en Nospill och fir aner Ministeren hunn: e Rapport vun der IGF vum leschte Joer weist, datt d'Regierung schonn éischter vun Onreegelméissegkeete wosst.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

An de leschte 40 Joer sinn déi niddereg Akommes manner séier geklomme wéi déi héich, an zu Konsdref hu sech zwee Wäiss Storchen niddergelooss, wat ganz rar ass.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

D'Paulette Lenert erkläert, firwat si an de Staatsrot wëllt an d'Apdikter si besuergt, well vill an Apdikten agebrach gëtt.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vum Weekend

Reegelen um Logementsmarché, déi ëmgaange ginn, den Zougang zu Kultur, an d'Iwwerlaaschtung vun der Kannerpsychiatrie - dat sinn d'Theemen an der nationaler Press vum Weekend.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Jiddfereen wëll eng Tripartite, ee Wal, dee stierft an eng schéi Foto, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

E Rapport vun der Cour des comptes, ee Wal, dee stierft an eng schéi Foto, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Problemer mat Zecken, Spritpräisser an hir Konsequenzen a fiicht Fotoen, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Rietsextreem Bekannten, Spritpräisser an hir Konsequenzen an eng Reebou-Vëlospist, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Déi schwaarz-blo Koalitioun huet kee Projet, d'Suerge vun de Baueren an d'Problemer vun der Filmbranche, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Elektroautoen an d'Pëtrolskris, d'Suerge vun de Baueren an d'Problemer vun der Filmbranche, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

An den Zeitunge sinn haut Kommentaren zu de Walen an Ungarn an d'Editorialiste verstoppen net hir Freed an Erliichterung, datt de Viktor Orbán endlech fort ass.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

De méiglechen Interessekonflikt beim Centre Cigale, Ierger bei den Awunner vun Haler wéinst enger Mobilfunkantenn an eng emotional Victoire vum Mats Wenzel a Spuenien.
headphones

5 min

play_arrow