Aktuelles
Eng Serie mat der Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL). Clever kafen - 6/8
Ökologescht Schoulmaterial
De Projet: Ech kafe clever. Fir Produiten ze promovéieren déi keng gesondheetlech schiedlech Stoffer enthalen
Kanner awer och Erwuessener benotzen quasi all Dag Stëfter, Bicker a soss Bürosmaterial.
Et ginn awer Produiten, wei z.B Stëfter, Bicker, Faarwen, déi kënnen bedenklech chemesch Substanzen enthalen déi vum Kierper opgeholl kënnen ginn. Dëst si Substanzen déi eng hormonell, neurologesch oder kriibserreegend Wierkung hunn.
Op der anerer Säit huet dat ganzt Material een risegen ekologeschen Fouss Ofdrock. Denkt nëmmen un d'Schoulrentrée an un déi enorm Quantitéiten Plastik, Pabeier, Verpackungsmaterial, déi produzéiert an spéider och nees entsuergt musse ginn
Unhand vun Analysen huet d'Equipe vun der EBL, der Ëmweltberodung Lëtzebuerg, iwwer 17 Stoff-Gruppen entdeckt. Dës Substanzen kënne vum Kierper sief et iwwert d' Hand, z.B duerch schweesseg Hänn, oder duerch dat berüümten Knabberen um Bläistëft oder duerch anootmen, beim Päsch oder Tuschbic opgeholl ginn.
De Projet "ech kafe clever" huet sech dofir zum Ziel gesat gesondheetlech an ekologesch Schoul-a Bürosmaterial ze identifizéieren an ze promovéieren fir datt een et ouni Bedenke kafe kann.
Eng Campagne déi zesumme mat der Ëmweltberodung Lëtzebuerg, der SuperDrecksKëscht, Greenpeace, dem Nohaltegkeetsministère an dem Educatiounsministère virun enger réi Joren an d'Liewe geruff ginn ass.
D' Beroder vun der EBL der Ëmweltberodung Lëtzebuerg kommen haut méi iwwer dee Projet verzielen. Eng Serie vum Angie Maquil.
http://www.ech-kafe-clever.lu
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)