Zäithistoriker
www.175joerpost.lu
8 min
2017 huet POST Lëtzebuerg den 175. Jubiläum vu senger Grënnung als autonom, national Institutioun gefeiert. Dëst war den Ausgangspunkt fir eng Collaboratioun mam Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, dem C2DH, an dem Objektiv d'Geschicht vun der Post an der Telekommunikatioun zu Lëtzebuerg an enger virtueller Ausstellung opzeschaffen.
D'Resultat vun dëser Zesummenaarbecht gouf rezent, nämlech den 30. Juni 2020 verëffentlecht an d'virtuell Ausstellung mam Titel 175 Joer POST ka säitdeem ënnert dem Link www.175joerpost.lu besicht ginn.