Presserevue
Presserevue
Et geet drëm, datt Lëtzebuerg, wéinst dem Klamme vu Corona-Fäll, gëschter vun der Belsch als "zone orange" klasséiert gouf. Dës Entscheedung géif awer keng Restriktiounen op de Grenze bedeiten, déi a béid Richtungen op bleiwen, esou de Quotidien.
"Politik ouni Suen", esou huet de Jean-Lou Siweck säi Leitartikel am Tageblatt iwwerschriwwen. Rieds geet vun enger ongewinnter Erausfuerderung fir d'Regierung.
Direkt zwee ausféierlech Interviewe mam grénge Vize-Premier a Minister François Bausch fënnt een haut an den Zeitungen: deen een am Tageblatt an deen aneren am Lëtzebuerger Wort.