Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

Presserevue

100komma7.lu / Presserevue

/ Presserevue

Presserevue

"Die Senkrechtstarterin", esou beschreift d'Lëtzebuerger Wort d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert: an der representativer Politmonitor-Ëmfro kënnt d'LSAP-Politikerin op déi éischte Plaz, viru Jean Asselborn a Xavier Bettel. Dem Lëtzebuerger Wort no wier d'Paulette Lenert den neien "Ëmfroe-Star".

An der Ëmfro - an där no Kompetenz a Sympathie gefrot gouf - verbessert d'Gesondheetsministerin sech ëm 62 Punkten a kënnt op 90 Prozent. Hire Partei-Kolleeg Jean Asselborn bleift stabil bei 85 Prozent an de Premier Xavier Bettel verbessert sech ëm 5 Punkten op 83 Prozent. De Finanzminister Pierre Gramegna leet 10 Punkten zou a kënnt op déi véierte Plaz.

D'Wort erënnert drun, datt de Jean Asselborn an dësem Sondage bal 8 Joer laang op der éischter Plaz louch. D'Gesondheetsministerin géif zu de grousse Gewënner vun der Corona-Kris gehéieren, stellt d'Wort fest.

Noriichten

Episoden

Editioun 8:15

Wäerten LGBT-Thematiken an de Schoule just nach als Optioun abordéiert ginn, firwat huet d'Compliance bei der Caritas versot a wéi schwéier ass et hautzedaags ee Fest ze organiséieren? Déi Froe gi sech haut an der Presserevue gestallt.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7:15

D'Konte vun der Piratepartei, d'Defaillancë bei der Compliance vun der Caritas an zéng Touristenattraktiounen am Grand-Duché, déi och all Awunner muss gesinn hunn
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vu 7:16

D'Caritas dominéiert nach emol; et geet awer och Rieds iwwer Mécken, e Bäcker a franséisch Frontalieren
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vun 8:16

Réckzuch vum Joe Biden, Problemer bei Caritas a bei de Piraten: Dat sinn d'Haaptiwwerschrëften, haut, an der geschriwwener Press ...
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vu 7:16

Réckzuch vum Joe Biden, Problemer bei Caritas a bei de Piraten: Dat sinn d'Haaptiwwerschrëften, haut, an der geschriwwener Press ...
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vun 8:15

D’Caritas ass wéinst engem risege Finanzbedruch a Schwieregkeeten a bannent der Piratepartei ginn d'Spannungen ëmmer méi grouss, eis Theemen an der Presserevue.
headphones

3 min

play_arrow

Editioun vun 8:16

Den Dan Hardy wëllt den neie Gast Gybérien sinn, d'Vakanz dauert ze laang a Verbuet oder Net-Verbuet, eis Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vu 7:16

Den Dan Hardy wëllt den neie Gast Gybérien sinn, d'Vakanz dauert ze laang a Verbuet oder Net-Verbuet, eis Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 8:16

Campéiere laanscht d'Musel, d'Piraten an de Laberenten an interessant Zuele vun der Pensiounskeess: eis Theemen an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vu 7:16

Campéiere laanscht d'Musel, d'Piraten an de Laberenten an interessant Zuele vun der Pensiounskeess: eis Theemen an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vun 8:15

Den Gender-Pay Gap besteet weider, d'Schied duerch Klimaevenementer ginn ëmmer méi deier an d'Pirateschëff am Stuerm, eis Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vu 7:16

Den Gender-Pay Gap besteet weider, déi franséisch Frontaliere si geplot an d'Pirateschëff am Stuerm, eis Theemen haut an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vu 07:15

Personalkarussell an der Chamber, Keimer an der Sauer a Waardezäite fir Frontalieren, eis Theemen haut an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vu 7:15

D'Attentat op den Donald Trump a seng Konsequenzen, Salairen, fir déi sech Enseignanten net musse schummen, an den Denkmalschutz, deen zu Lëtzebuerg ze liicht kann ëmgaange ginn.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 8h15

Pride Week, en Telefonsmast zu Koplescht a Kaméidi tëschent der Luxair an engem Youtuber
headphones

6 min

play_arrow

Editioun vun 08:16

Schläichweeër, eng Zukunft fir d'Gebléishal an e Kongress, dat sinn eis Themen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vu 07:15

Schläichweeër, eng Zukunft fir d'Gebléishal an e Kongress, dat sinn eis Themen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 8h15

Méi deier Poubellen, d'Verhandlungen iwwer eng nei TICE-Konventioun a Bedruch via Telefon
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vu 7h15

Neien Tëschefall bei der Police, méi deier Poubellen a Bedruch via Telefon
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

Muechtkämpf bei der LSAP, d'Nowierkunge vun der Corona-Infektioun an de Long-Covid an een neien Apparat fir Häerzrhythmusstéierunge virauszesoen, sinn Theemen an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow