Presserevue
Presserevue
"Ein Land schlafwandelt", esou den Titel op der éischter Säit vum Tageblatt. "Erklärung und Ermahnung", dat ass d'Schlagzeil beim Lëtzebuerger Wort.
De Premier huet d'Handele vun der Regierung justifizéiert an hien huet zur Solidaritéit opgeruff, resuméiert d'Wort. A senger Ried virun den Deputéierten, hätt de Xavier Bettel un d'Populatioun appelléiert, sech viru solidaresch ze weisen.
"Et ass net iwwerstanen", mat dësem Zitat iwwerschreift d'Tageblatt säi laangen Artikel, iwwert d'Deklaratioune vum Premier a vun der Gesondheetsministerin. D'Ausgangsspär wier néideg gewiescht, fir d'Pandemie anzedämmen, steet iwwert enger Photo vum Xavier Bettel ze liesen.