Aktuelles
Xavier Bettel: "Mir wëlle keen zweete Lockdown"
An der Regierungsdeklaratioun zur aktueller Situatioun vun der Corona-Pandemie huet de Xavier Bettel den Appel widderholl, sech un d'Reegelen ze halen. Et géif dorëm goen eng Explosioun vun der Zuel vun Neiinfektioune mam Corona-Virus ze verhënneren.
Op een neits huet de Xavier Bettel sech géint eng Smartphone-Applikatioun fir den digitalen Tracing ausgeschwat. Et wier een awer a Kontakt mam däitsche Robert-Koch-Institut fir am Noutfall déi däitsch App op Lëtzebuerger Besoine kënnen z'adaptéieren.
Dem Premier no misst e sech drop astellen, datt d'Staatsfinanzen och déi nächst Méint a wahrscheinlech Joren ënnert engem gewëssen Drock wäerte sinn. D'Gestioun vun der Krise hätt de Staat bis Enn Mee ronn 178 Milliounen Euro kascht.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)