Panorama
Panorama
13 min
52 nei Infektioune mam Coronavirus zu Lëtzebuerg am leschte Bilan vum Gesondheetsministère
Chômage stoung am Mëttelpunkt vun däer nationaler Tripartite haut zu Senneng, d'Regierung wéilt eng direkt Äntwert ginn op d'Entwécklung vum Chômage wéinst der Corona-Kris, esou de Premier
Déi zwee Covid-Gesetzer sollen duerch een eenzelt Gesetz ersat ginn, mat enger neier Approche, d'Gesondheetsministerin wëllt manner op Verbuet a méi op Hygiènesreegele setzen
Fir d'Elektromobilitéit nach méi ze ënnerstëtze ginn et an Zukunft och staatlech Primme fir d'Installatioun vu Luetstatiounen
A Frankräich gëtt de Jean Castex neie Premier, hie gouf als neie Regierungschef genannt nom Récktrëtt de Moie vum Edouard Philippe a senger Regierung
Brittesch Regierung hieft obligatoresch Quarantän op, fir 50 Länner, dorënner all d'EU Staaten. Vum 10. Juli un dierfe Leit aus deene Länner nees an England reesen ouni an eng Quarantäne mussen ze goen