Aktuelles
LuxeoSys: Etienne Schneider gouf gehéiert
5 min
Hien hätt d'Chamber am Dossier vum Militärsatellit net belunn. Dat sot de fréiere Verteidegungsminister Etienne Schneider haut nodeems hie vun zwou Chamberkommissioune gehéiert gouf.
Datt den Äerdobservatiounssatellit mat 350 Milliounen Euro elo duebel esou deier gëtt wéi geplangt, hätt mat Ännerungen um Projet ze dinn. An déi wieren ënner sengem Nofollger, dem grénge Verteidegungsminister François Bausch, geschitt.
D'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun, d'CSV-Deputéiert Diane Adehm sot, si wéisst net méi, wiem si gleewe sollt. Et missten elo nach weider Acteure gehéiert ginn, notamment Vertrieder vu LuxGovSat. An et misst diskutéiert ginn, wéi d'Chamber mat dem méigleche Verstouss géint d'Marché-Publics-Gesetz soll ëmgoen. D'Pia Oppel mat Hannergrënn.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)