Dee vu Mënsche gemaachte Klimawandel gëtt haut kaum nach bezweifelt. Och, datt een eppes dogéint maache soll, steet quasi all Dag an der Zeitung. Mee wat dat Alles bedeit, schéngt kaum verstanen.
Dat fäert op alle Fall emol de Jean-Jacques Rommes. Ee Fräie Mikro vum laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozialrot.