Album vun der Woch
Christian Lee Hutson - Beginners
Mat senge emotionell transparenten an direkten Texter kéint ee mengen de Christian Lee Hutson hätt d'Lidder op sengem neien Album um Beichtstull komponéiert. D'Manéier an där hien op "Beginners" Turbulenze vun der Léift a Konfusioune aus dem Liewen ënner anerem beschreift, stellt de Museker nämlech net nëmmen als sympathesch Figur duer. Hie geet déif a seng Wonne gruewen an hëlt dobäi kee Blat virun de Mond. Den Titel "Beginners" hätt domat ze dinn, datt de Christian Lee Hutson sech trotz sengen 29 Joer nach ëmmer wéi en Ufänger am Liewe spiert. Op alle Fall weess de Kalifornier, wéi ee Péng an Ongewëssheet an e meeschterhaft a facettëräicht Wierk wandelt. Den Jamie Reinert huet eragelauschtert.
Episoden
Sharon Van Etten - We've Been Going About This All Wrong
Och wann den Titel vun hirer neier Plack eppes aneres suggeréiert, sou huet d'Sharon Van Etten och mat hirem sechsten Album "We've Been Going About This All Wrong" nees op ganzer Linn ofgeli
Tomberlin - i don't know who needs to hear this
Der amerikanescher Songwriterin Tomberlin hir zweet Plack huet e puer Faarwe méi, wéi ee vun hir gewinnt ass.
Tomberlin - i don't know who needs to hear this
Der amerikanescher Songwriterin Tomberlin hir zweet Plack huet e puer Faarwe méi, wéi ee vun hir gewinnt ass.
Primer - Incubator
Immens danzbare Synthpop mat bläischwéiere Lyrics liwwert d'Alyssa Midcalf alias Primer op hirem zweeten Album "Incubator".
Primer - Incubator
Immens danzbare Synthpop mat bläischwéiere Lyrics liwwert d'Alyssa Midcalf alias Primer op hirem zweeten Album "Incubator".
![Impressionistesch Toile vun engem Dad Rocker](/legacy/images/24077/image-thumb__24077__base_thumbnail/Walter-Martin.e48ef9fc.jpg)
Impressionistesch Toile vun engem Dad Rocker
Op "The Bear" kuckt de Walter Martin direkt an dach poetesch op seng Vergaangenheet zeréck.
![Impressionistesch Toile vun engem Dad Rocker](/legacy/images/24077/image-thumb__24077__base_thumbnail/Walter-Martin.e48ef9fc.jpg)