Radioen

On air

Resonanzen  |  "... eng schéin, wäit, nei Welt ..."

play_arrow Live
arrow_back_ios

Album vun der Woch

100komma7.lu / Album vun der Woch

/ Christian Lee Hutson - Beginners

Christian Lee Hutson - Beginners

Mat senge emotionell transparenten an direkten Texter kéint ee mengen de Christian Lee Hutson hätt d'Lidder op sengem neien Album um Beichtstull komponéiert. D'Manéier an där hien op "Beginners" Turbulenze vun der Léift a Konfusioune aus dem Liewen ënner anerem beschreift, stellt de Museker nämlech net nëmmen als sympathesch Figur duer. Hie geet déif a seng Wonne gruewen an hëlt dobäi kee Blat virun de Mond. Den Titel "Beginners" hätt domat ze dinn, datt de Christian Lee Hutson sech trotz sengen 29 Joer nach ëmmer wéi en Ufänger am Liewe spiert. Op alle Fall weess de Kalifornier, wéi ee Péng an Ongewëssheet an e meeschterhaft a facettëräicht Wierk wandelt. Den Jamie Reinert huet eragelauschtert.

Musek

Episoden

Eskapismus a Verzauberung

Vu Beethoven bis Kraftwerk: den Duo Decisive Pink presentéiert mat hirem Debutalbum "Ticket to Fame" absurden Electropop.
headphones

8 min

play_arrow

Eskapismus a Verzauberung

Vu Beethoven bis Kraftwerk: den Duo Decisive Pink presentéiert mat hirem Debutalbum "Ticket to Fame" absurden Electropop.
headphones

8 min

play_arrow

Mam Album Nummer zwee op Nummer sécher

No hirem gefeierten Debut vun 2021 stellt déi brittesch Musekerin Arlo Parks mat "My Soft Machine" de laang erwaarten Nofollger vir.
headphones

7 min

Joan of All

No 12 Joer Paus mellt sech déi amerikanesch Singer-Songwriterin Sarabeth Tucek als SBT zeréck a presentéiert ee staarken Duebelalbum.
headphones

8 min

play_arrow

Joan of All

No 12 Joer Paus mellt sech déi amerikanesch Singer-Songwriterin Sarabeth Tucek als SBT zeréck a presentéiert ee staarken Duebelalbum.
headphones

8 min

play_arrow

Vu Wuerzelen a Flilleken

Dem Südafrikaner Bongeziwe Mabandla seng Musek wuerzelt an der Traditioun vum Afro-Folk, deen op "Amaxesha" modern interpretéiert gëtt.
headphones

9 min

play_arrow

Vu Wuerzelen a Flilleken

Dem Südafrikaner Bongeziwe Mabandla seng Musek wuerzelt an der Traditioun vum Afro-Folk, deen op "Amaxesha" modern interpretéiert gëtt.
headphones

9 min

play_arrow

Ee gudde Jong

Op "Wait Til I Get Over" ass den Indications Bandleader Durand Jones ee gudde Jong.
headphones

7 min

play_arrow

Ee gudde Jong

Op "Wait Til I Get Over" ass den Indications Bandleader Durand Jones ee gudde Jong.
headphones

7 min

play_arrow

E schéinen Duercherneen

Op sengem neien Album "Coast 2 Coast" verbënnt den Duo Pearl & the Oysters Influenze vu Bach bis Beach Boys zu enger faarweger Mëschung.
headphones

5 min

play_arrow

E schéinen Duercherneen

Op sengem neien Album "Coast 2 Coast" verbënnt den Duo Pearl & the Oysters Influenze vu Bach bis Beach Boys zu enger faarweger Mëschung.
headphones

5 min

play_arrow

Verstoppen am oppene Bléckfeld

Op hirer neier Plack "Multitudes" ass déi kanadesch Sängerin Leslie Feist mat sech selwer am Duett, an am Dialog.
headphones

7 min

play_arrow

Verstoppen am oppene Bléckfeld

Op hirer neier Plack "Multitudes" ass déi kanadesch Sängerin Leslie Feist mat sech selwer am Duett, an am Dialog.
headphones

7 min

play_arrow
Ouerwierm mat vill Energie

Ouerwierm mat vill Energie

Déi däitsch Band Robocob Kraus gallopéiert op hirem neien Album "Smile" mat vill Humor duerch divers Theemen a Stiler.
headphones

6 min

Op neie Weeër aus dem Labyrinth eraus

Fir hiren Album "Labyrinth" huet déi amerikanesch Musekerin Heather Woods Broderick déi akustesch Instrumenter géint Synthesizer agetosch.
headphones

7 min

play_arrow

Gebuergenheet an der Orientéierungslosegkeet

Mat "Yian" presentéiert d'Lucinda Chua e staarken Debutalbum tëschent Ambientpop an Identitéitssich.
headphones

6 min

play_arrow

Gebuergenheet an der Orientéierungslosegkeet

Mat "Yian" presentéiert d'Lucinda Chua e staarken Debutalbum tëschent Ambientpop an Identitéitssich.
headphones

6 min

play_arrow

D'Rou selwer

Country aus Kanada: op sengem fënneften Album iwwerrascht de Songschreiwer Doug Paisley mat schéine Melodien an engem entspaante Groove.
headphones

7 min

play_arrow