Musek am Gespréich
Vu Russland iwwer Spuenien an den Orient
Eng musikalesch Vertounung vun engem Insekt, déi bis haut eent vun deene bekanntste Stécker aus der Museksgeschicht ass: Rieds ass vum Nikolai Rimski-Korsakow sengem Hummelflug. Et ass virun allem den Tempo vun dësem Stéck, dee faszinéiert. Mëttlerweil ginn et honnerten Adaptatioune fir all méiglech Instrumenter a Besetzungen. All grousse Virtuos wëllt beweisen, datt och hien den Hummelflug op sengem Instrument beherrscht. Nieft dëser musikalescher Ëmsetzung vun der Bommel hirem Fluch, ass den Nikolai Rimski-Korsakow virun allem fir seng sinfonesch Dichtung Scheherazade bekannt, wou hie Geschichten aus Dausendanenger Nuecht musikalesch verzielt.
De Manuel Ribeiro an de Luc Boentges lauschteren ënner anerem an dës béid Stécker eran a proposéieren e musikaleschen Aperçu vum Nikolai Rimski-Korsakow.