arrow_back_ios
Kultur
E "roman noir" ouni roude Fuedem
Den 22. Juni war de Serge Basso eisen Invité vum Dag. Nodeems den engagéierten Direkter vun der Escher Kufa, no siwe Wochen Hospitalisatioun, de Kampf géint de Coronavirus gewonnen hat, huet hien decidéiert, zwee Joer éischter a Pensioun ze goen, fir sech just nach mat Literatur a Reese beschäftegen ze kënnen. Kuerz virum Confinement war den neisten, den drëtte, Krimi vum Duo Serge Basso an Enrico Lunghi erauskomm. D'Kerstin Thalau huet sech mam Serge Basso iwwer "Vrais masques et fausses façades" ënnerhalen.