arrow_back_ios
Kultur
D'Journée de la Musique - E Schrack a Richtung Normalitéit
D'Fête de la Musique ass dëst Joer ausgefall. Trotzdeem gouf an de Lëtzebuerger audiovisuelle Medien d'Musek gëschter um 21. Juni gefeiert. Bei de Museker huet een eng enorm Freed gespiert, datt si nees kënnen optrieden. Fir déi eng ass et schonn Zäit fir e Bilan vum Confinement. Bei aneren ass de Frust iwwer d'Restriktiounen awer nach grouss. Den Yves Stephany mam Wichtegste vun der Journée de La Musique.