Kultur
A place to be: dem Eric Schumacher seng Expo "plzZ za"
No Konschtstudien zu Bréissel, Edinburgh a Berlin lieft a schafft de Sculpteur Eric Schumacher haaptsächlech zu Edinburgh. Mee an der Lescht weist hie seng Aarbechten och ëmmer méi zu Lëtzebuerg. Den Eric Schumacher, Joergang 1985, war 2017 fir d'Triennale Jeune Création an de Rotondë selektionéiert ginn; Enn 2019 hat d'Curatrice Stilbé Schroeder hien an dräi weider Artiste fir de Prix d'Art Robert Schumann proposéiert. Den 11. Juni war de Vernissage vu senger Expo "plzZ za" an der Galerie Nosbaum-Reding. D'Kerstin Thalau war kucken.