arrow_back_ios
Kultur
E bësse "chaleur humaine" am ëffentleche Raum
Wärend dem Confinement hu sech eng ganz Rei vun eise Kulturinstitutioune spontan zesummegedoen, fir iwwer gemeinsam Suergen an Doleancen ze diskutéieren. Och am Deconfinement ass fir en etlech net kloer, wat d'Zukunft brénge wäert. Si versichen deemno, preventiv, selwer aktiv ze ginn. Zum Beispill, op Initiativ vun de Rotonden, mat der Aktioun "chaleur humaine", mat där si sech net nëmmen an d'Erënnerung vun de Leit bréngen, mee och hirem Public fir seng Trei Merci soe wëllen. Explikatioune Kerstin Thalau.