Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Flavien Berger - Feux Follets

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik aktuell

100komma7.lu / Klassik aktuell

/ E Chouer fir jiddwereen

E Chouer fir jiddwereen

Mat engem Stëmmungslidd iwwer d'Gesellegkeet an d'Drénke wollt den Dirigent Marc Dostert de Participante vum Online-Chouer an den Zäite vum Corona eng Freed maachen. Bei dëser zweeter Editioun hu ronn 50 Sängerinnen a Sänger matgemaach, déi sech eenzel bei sech doheem gefilmt an hire Clip erageschéckt hunn. Um Programm steet "Tourdion", e Lidd aus dem 16. Joerhonnert, dat dem Pierre Attaignant zougeschriwwe gëtt.



Drëtt Editioun mam Jeff Mack

Gläichzäiteg mat der Publikatioun vum Video vun der zweeter Editioun, lancéieren den 100,7 an den INECC den Opruff un all Interesséierte fir déi drëtt Editioun. Den Trompettist a Sänger Jeff Mack dirigéiert dës nei Editioun vum Lëtzebuerger Online-Chouer. Als Stéck proposéiert hien en eegent Arrangement vum bekannte Lidd "Down by the Salley Gardens". U sech wier et schonn e ganz aalt Lidd dat e bëssen aus der englesch-irescher Mythologie géif kommen, seet de Jeff Mack. Iwwer en anere Sänger wier hien dorop opmierksam ginn:


"Ech sinn iwwer den Andreas Scholl op dëst Lidd gestouss. Den Andreas Scholl huet dat als éischte Countertenor op der Night of the Proms gesongen. An dat huet mech esou faszinéiert, datt mech dat Lidd elo schonn iwwer déi lescht zéng Joer begleet."


Wéi matmaachen?

De Lëtzebuerger Online-Chouer ass op fir jiddwereen. Fir ze matzemaache ginn dräi einfach Schrëtt duer: Umellen, ophuelen an eraschécken. Nodeems ee sech iwwer d'E-Mail-Adress info@inecc.lu ugemellt huet, kritt een en techneschen How-To, d'Nouten an e Playback-Video geschéckt. Op dësem Video gesäit een de Jeff Mack dirigéieren an et héiert een d'Lidd "Down by the Salley Gardens". Wann een d'Nouten e bësse geüübt huet, filmt ee sech mam Smartphone, wärend ee synchron mam Playback-Video matséngt. Als lescht schéckt een den eegene Video dann un den INECC.

Musek

Episoden

Dem ONJ säin éischten Auslandsoptrëtt

Den nationale Jugendorchester huet zu Apeldoorn an Holland gespillt.
headphones

8 min

play_arrow

"Ech sinn Cello studéire gaangen duerch de Projet ONJ"

Den ONJ ass zanter Deeg a Residenz am Mierscher Theater a prouft fir säin nächste Concert, dëse Samschdeg zu Miersch an den Dag drop zu Apeldoorn an Holland.
headphones

10 min

play_arrow

Nei Saison an nei Direktioun am CAPE

Am Centre des arts pluriels zu Ettelbréck gëtt et zanter dësem Mount eng nei Spëtzt.
headphones

7 min

play_arrow

OCL: Nei Saison

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg presentéiert seng nei Saison, bei där Traditioun op Innovatioun trëfft.
headphones

9 min

play_arrow

Mahler Musikwochen zu Toblach

De Gustav Mahler ass an de Summere vun 1908 bis 1910 zu Toblach a Südtirol gewiescht: fir Vakanz ze maachen a fir ze komponéieren.
headphones

8 min

play_arrow

Helen Bucholtz: tëschent zwou Welten

E Buch vun der Noemi Deitz iwwer eng Komponistin aus der Lëtzebuerger Museksgeschicht, déi an den Nonzeger Joren iwwerhaapt emol entdeckt gouf.
headphones

12 min

play_arrow

Keng Summerpaus

Am Summer sinn d'Concerts de midi vun der Stad Lëtzebuerg am Park vun der Villa Vauban. Och an der Vakanz geet de Programm mat 4 Concerte weider.
headphones

7 min

play_arrow

Déieren, Texter a Sound

Am Gespréich mat der tierkescher Kënschtlerin Selin Davasse
headphones

9 min

play_arrow

Musek am Atertdaul

Zanter iwwer 25 Joer vereent de Festival Musique dans la vallée 5 Gemengen aus dem Atertdaul, aus Lëtzebuerg an aus der Belsch, fir eng Rei Concerten, déi déi divers Facette vun der Stëmm weisen.
headphones

7 min

play_arrow

Closer to paradise

Zesumme mam Countertenor Valer Sabadus mécht sech Spark op d'Spure vun der Sehnsucht.
headphones

6 min

play_arrow

Kinnekswiss loves …

D'Kinnekswiss verwandelt sech de Weekend an en open air Concertssall.
headphones

5 min

play_arrow

All zesummen

En inklusiven a partizipative Concert, op deem all Mënsch ka matmaachen. Esou feiert d'Fondatioun EME de 15. Gebuertsdag op der Kinnekswiss.
headphones

8 min

play_arrow

Uropféierung vum Nik Bohnenberger

De 5. Juli ass d’Uropféierung vun der Mini-Oper “Nacht” vum Nik Bohnenberger zu Kassel.
headphones

5 min

play_arrow

Internet, Kënschtlech Intelligenz a Musek

Wat sinn d'Auswierkunge vun dëser Kombinatioun?
headphones

8 min

play_arrow

Mystesch Chouermusek

D'Maîtrise sengt fir déi éischte Kéier e Concert an der Krypta vun der Kathedral.
headphones

7 min

play_arrow

Wéi wann ee géif mam Lionel Messi trainéieren

De Klarinettist Arthur Stockel trëtt zesumme mam Amateur-Orchester vun der Philharmonie op.

Mat der Flütt op Sofia

Fir de jonke Lëtzebuerger Flüttist Mika Gieres geet et an der Moyse International Flute Competition an déi zweet Ronn.
headphones

5 min

play_arrow

Wéi wann ee géif mam Lionel Messi trainéieren

De Klarinettist Arthur Stockel trëtt zesumme mam Amateur-Orchester vun der Philharmonie op.
headphones

6 min

play_arrow

Geiger a Monaco

Dës Wierder sti fir déi populärste Wierker vun der Lou Koster a vum Jean-Pierre Kemmer. De Sidney Scho bréngt se nees op d'Bün.
headphones

7 min

play_arrow

Wien huet d'Box un an der Lëtzebuerger Operett?

Déi Fro stellt d'Musekswëssenschaftlerin Danielle Roster an enger Table ronde virun der Opféierung vun der Operette "An der Schwemm" vun der Lou Koster.
headphones

19 min

play_arrow