arrow_back_ios
Kultur
De klenge Brudder Ed iwwer de grousse Brudder Charles
An der Villa Vauban gëtt momentan eng grouss Retrospektiv vum Lëtzebuerger Moler a Sculpteur Charles Kohl gewisen. Zemools bei de verschleierte Figuren, déi versiche sech ze befreien, gesi verschidde Konschtexperten Lienen zu haut, zum Beispill zu der Covid-19-Kris.
Mee de Rodanger Charles Kohl huet tëschent 1929 an 2016 gelieft a kreéiert. D'Kerstin Thalau huet mat sengem Brudder Ed iwwer verschidden Inspiratiounsquelle geschwat, wéi zum Beispill den Zweete Weltkrich, duerch deen d'Kohl-Geschwëster e Brudder verluer hunn.