Panorama
Panorama
No den Avise vum Staatsrot zu de Covid-19-Gesetzer huet déi zoustänneg Chamberkommissioun haut nach eemol 4 Amendementer un de Staatsrot geschéckt. A priori steet engem Vott um Méindeg elo näischt méi am Wee.
Nom Enn vum Etat de Crise de 24. Juni gëllt bis Mëtt Juli weiderhin e Spezialregime fir d'Betreiungsstrukture fir d'Kanner aus de Grondschoulen. Dat deementspriechend Gesetz gouf haut scho gestëmmt.
Den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) geet dovun aus, datt Enn Juli déi "schlëmmsten Zuelen" a Saache Chômage wäerte verzeechent ginn.
D'Regierung rechent bei der Krankeversécherung mat engem operationellen Defizit vu 551 Milliounen Euro fir den Exercice 2020, géintiwwer engem Iwwerschoss vun 102 Milliounen Euro d'lescht Joer.
D'Europaparlament schwätzt sech dofir aus, strukturelle Rassismus an den USA an an der EU ze bekämpfen. E Freideg soll an deem Kontext iwwert eng Resolutioun ofgestëmmt ginn.
Am Sport lafe lues a lues nees verschidde Championnater un: Am August sollen d'Futtball-Europa an Champions-League fäerdeg gespillt ginn. Och am Tennis gouf d'Reprise annoncéiert.