Kultur
Mam Ed Kohl dem Charles Kohl seng Voilen devoiléieren
Viru véier Joer ass de Sculpteur a Moler Charles Kohl mat 87 Joer gestuerwen. Fir Konschtexperten ee vun de wichtegste Lëtzebuerger Kënschtler. D'Famill Kohl wollt sech dofir asetzen, datt hire Charles och vum breede Public wouergeholl an net vergiess gëtt. Dofir huet si en Internetsite kreéiert an, zesumme mat de Konschthistoriker Paul Bertemes an Nathalie Becker, eng excellent Charles-Kohl-Expo an der Villa Vauban op d'Bee gestallt. Déi hate mir schonn thematiséiert. D'Kerstin Thalau hat awer elo och Geleeënheet, mam Ed Kohl iwwer säi Brudder Charles ze schwätzen.